Treffpunkt Senior+
Ee mol an der Woch gëtt de Service Senior+ Iech Rendez-vous, fir a beschter Gesellschaft schéi Momenter ze verbréngen a Kontakter ze knäppen. Dobäi gëtt et och Kuch an eppes ze drénken, souwéi och heiansdo speziell Aktivitéite wéi Liesnomëtteger, Virféierungen, Atelieren a villes méi. Den Treffpunkt ass all Méindeg vu 14.00 bis 17.00 Auer ausserhalb vun de Schoulvakanzen am Centre culturel Metzerlach mat Parking virun der Dier.
Zoustännege Service fir weider Froen: service.plus@suessem.lu
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli

























