Prix du Bénévolat
De 24. November 2025 huet d’Gemeng Suessem am Kadervun enger feierlecher Zeremonie am Artikuss zu Zolwer déi zweet Editioun vum Prix du Bénévolat organiséiert. Wéi d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz an hirer Ried ënnerstrach huet, gëtt dëse Präis mat engem kloren Zil verginn: Dem Benevolat an eiser Gemeng dee Stellewäert ginn, deen e verdéngt. An enger Gemeng wéi eiser, déi iwwer 100 aktiv Veräiner zielt, spillen déi vill fräiwëlleg engagéiert Leit eng entscheedend Roll. Si organiséieren Aktivitéiten, kulturell a sportlech Evenementer, Ausstellungen, Trainingen, Matcher an nach vill méi. Si droen zu enger lieweger a staarkvernetzter Gemeng bäi – an ouni si wier dëst net méiglech.
Dofir goufen 23 Benevoller fir hiren aussergewéinlechen Asaz geéiert. All Laureat∙in gouf vum eegene Veräin nominéiert – ee schéint Zeeche vum Respekt an der Wäertschätzung, déi dës Persounen an hire Reie genéissen. Déi vill perséinlech an häerzlech Messagen, déi vun de Veräiner agereecht goufen, hunn nach eemol gewisen, wéi wichteg dës Leit fir hiren Ëmfeld sinn. Nieft engem offiziellen Diplom kruten d’Laureat∙innen och e symbolesche Cadeau: e Bong fir d’Epicerie Amuse-Bouche am Zolwer Eck, als klenge Merci fir hiren Engagement an hir bestänneg Bereetschaft, sech fir d’Veräinsliewen anzesetzen.
D’Gemeng Suessem engagéiert sech, dëse Präis och an Zukunft all zwee Joer ze iwwerreechen, fir domat all déi ze éieren, déi duerch hiert fräiwëllegt Engagement e wichtege Bäitrag fir eis Gesellschaft leeschten. Mir soen alle Benevoller, de Veräinsvertrieder∙innen, deFamilljen, de Frënn an all de Leit am Hannergrond Merci.
Hei fannt dir d’Fotoe vum Owend an d’Lëscht vun alle Laureat∙inne vum Prix du Bénévolat 2025:
Guy Greven
Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach
Claudia Sofia Simões Fernandes Martins
Association ADIE
Valentina Piazza
Club Cycliste Le Guidon Bieles
John Kass
Zolwer Basket
Maxime Clement
TC Bieles
Christine Hemmerling
Luxembourg Lego User Group
Guy Kaufmann
Gaart an Heem Gemeng Suessem
Pol Massard
LRIV Suessem
Josée Bach-Bartholmé
Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten | Entente Suessem
Nicole Behm
CS Suessem
Jean-Claude Majerus
Hot Daddies Suessem
Mike Wenzel
Culture Club Suessem
Marco Goelhausen
Bieleser Musek
Poli Bis
Suessemer Musek
René Lieners
CA Bieles
Jean-Pierre Asselborn
Harmonie Eilereng
Anicet Hoffmann
Entente Zolwer
Raymonde Weintzen
Kulturkrees Celobrium
Agatte Deubo Nono
Sainte Famille en Egypte
Kaliisa Fasil Christine
Sainte Maria Goretti
Jos Vidotto
Amicale CIS Sanem – Differdange
Jeannot Groben | Daniel Tornambé
Zolwer Musek
Fotoen: Max Staus





































