Dag vum Bam zu Suessem
Am Kader vum 34. nationalen Dag vum Bam an dem 61. Dag vum Bam an der Gemeng Suessem huet de Freideg, 21. November 2025, eng Planzaktioun zu Suessem stattfonnt. D’Aktivitéit ass tëschent dem Gemeinschaftsgaart an der neier Hondswiss organiséiert ginn. Un der Aktioun hunn d’Klasse vum Cycle 4.1 vun der Madame Marianne Termont an der Madame Claudia Pagliarini souwéi d’Kanner aus dem Cycle 1 vun der Madame Martine Beaume deelgeholl. No der grousser Paus sinn insgesamt ronn 45 Kanner op d’Plaz komm, fir Hecke mam Label „Heck vun hei“ ze planzen. Duerch dës Initiativ gëtt net nëmmen d’Biodiversitéit an eiser Gemeng gefërdert, mee och d’Sensibiliséierung vun de jonke Generatioune fir d’Natur an d’Ëmwelt gestäerkt. Als klenge Merci kruten d’Kanner nom Ofschloss vun der Planzaktioun e Stéck Schockela iwwerreecht.
D’Gemeng Suessem seet alle Participant∙innen an den Enseignanten e grousse Merci fir hiren Asaz an hir Ënnerstëtzung.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri





























