Wanterfeeling
De Wanterfeeling 2025 ass eriwwer, mee déi eenzegaarteg Atmosphär, déi d’Suessemer Schlass vum 14. bis de 16. November duerchgedrongen huet, ass net einfach ze vergiessen. Frou Gesiichter, vill Luuchten a Faarwen, Concerten, spektakulär Showen, Artist∙innen, déi alles ginn hunn an den éischte Glüwäi vun der Saison – mir hunn dat alles fir iech bildlech festgehalen. Hei hu mir déi schéinste Momenter zesummegesat: déi, déi dir vläicht selwer erlieft hutt, déi, déi iech entwëscht sinn, an déi, vun deenen dir guer net wosst, datt se geschitt sinn. Merci alle Leit, déi do waren, déi hire Weekend mat eis verbruecht hunn all deenen, déi hannert de Kulissen hiert Bescht ginn hunn.
Déi komplett Fotosgalerie gëtt et hei.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri






















































