Diamantenhochzäit Maria a Cornelius van de Sluis-Jacobse
Ee schéine Moment gouf et dënschdes, den 28. Oktober 2025, zu Suessem, wéi de Schäff∙innerot d’Maria an de Cornelius van de Sluis-Jacobse doheem besicht hunn, fir zesumme mat hinnen an hiren dräi Kanner op hir Diamantenhochzäit unzestoussen.
Mir felicitéieren der glécklecher Koppel fir dëse ganz speziellen Anniversaire.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri













