Nuetsrallye
Den Nuetsrallye 2025, organiséiert vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng Suessem, huet den 18. Oktober fir vill Spannung, Laachen a grujeleg gutt Stëmmung gesuergt. Ënner dem Theema Grujel-Editioun hunn d’Ekippe sech um Kannercampus Belval op eng spannend Rees duerch d’Nuecht gemaach, wou si bei verschiddene Spiller a Missiounen hiren Teamgeescht, hir Geschécklechkeet an hir Ausdauer hu missen ënnert Beweis stellen. Mat 11 motivéierten Ekippen a méi wéi 50 Jonker, war dës Editioun komplett ausgebucht.
E grousse Merci geet un all d’Organisateuren an d’Ekippen, déi dës onvergiesslech Nuecht méiglech gemaach hunn.
Fotoen: Max Staus



















