Mobbing am (Schoul)Alldag – Ass mäi Kand betraff?
Den Dënschdeg, den 30. September 2025, huet am Festsall vun der Gemeng Suessem eng thematesch Soirée mam Titel Mobbing am (Schoul)Alldag – Ass mäi Kand betraff? stattfonnt. Organiséiert gouf d’Veranstaltung vun der Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun an Zesummenaarbecht mam CEPAS, BEE SECURE, U.B.A.K.A., respect.lu an der Eltereschoul. D’Participant∙inne kruten duerch prezis Beispiller an Diskussioune vill wäertvoll Informatiounen a Rotschléi mat op de Wee, fir Kanner am beschten ze begleeden a d‘Sensibiliséierung géint Mobbing ze stäerken. Moderéiert gouf den Owend vum Andy Schammo op Lëtzebuergesch, mat direkter Iwwersetzung op Franséisch.
Am Zesummenhang mat dëser Thematik wëlle mir och op e weidere Webinaire vun der Eltereschoul hiweisen, deen an dësem Kader vun der Chancëgläichheets- an Diversitéitskommissioun ugefrot gouf fir interesséiert Elteren, Léierpersonal an Educatricen·teuren: Mobbing am Schoulalldag. De Rafael Pinto, Éducateur gradué, erkläert wéi den Oflaf vum Mobbingsprozess ausgesäit a proposéiert a sengem Online-Virtrag Aktiounsméiglechkeeten a Léisungsapproche fir dem Mobbing entgéint ze wierken.
Fotoen: Max Staus


















