Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
27/09/2025

CFC – Aweiung vum neie Gebai

De Centre de Formation pour Conducteurs (CFC) huet freides, de 26. September, säi fuschneit Gebai um Site vun der Gadderscheier zu Suessem a Präsenz vun der Madame Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit, souwéi der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz ageweit.
 
Dësen zweete Site vum CFC, deen zanter 2013 säi Sëtz an der Gemeng Suessem huet, stellt ee wichtege Pilier an der Formatioun vu Beruffschaufferen duer, sief et fir Autobusser oder Camionen. Mat dëser neier Infrastruktur kënnen d’Participant∙innen hir Formatiounen an Zukunft ënnert nach méi moderne a gëeegente Konditiounen absolvéieren.
 
An hirer Ried huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz dës nei Strukture begréisst an un déi exzellent Zesummenaarbecht tëschent dem Formatiounszenter an der Gemeng Suessem erënnert. Si huet verschidde konkret Beispiller ervirgehuewen, wéi d’Bereetstelle vum Parking am Kader vum Wanterfeeling oder d’Tatsaach, datt de kommunale Service Iessen op Rieder tëschent 2015 an 2020 fir d’Iesse vun de Participant∙innen un de Formatioune gesuergt huet.
 
Dës Zäite sinn elo definitiv eriwwer, well den neie Site op der Gadderscheier sech ëm e Restaurant vergréissert huet, deen och fir d’Ëffentlechkeet op ass, a soumat en zousätzleche Wäert fir déi ganz Struktur bitt.
 
Fotoen: © Levygraphie
 
 





 
 

Zréck