Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
20/09/2025

Athletikuss – Aweiung vun der neier Pist

Samschdes, den 20. September 2025 huet d’Gemeng Suessem vum Kader vum Tageblatt Challenge profitéiert, fir déi nei hellblo Liichtathletikspist um Scheierhaff offiziell anzeweien. An hirer Ried huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz drop higewisen, datt dës Investitioun mat engem Montant vu ronn 800.000 € sech an de klore Wëlle vun der Gemeng areit, déi lokal Veräiner ze ënnerstëtzen, de Sport bei de jonke Generatiounen ze fërderen an d’Gemeng mat modernen an adaptéierte Strukturen ze ekippéieren.

D’Anouck Ewerling, Presidentin vum CA Bieles, huet der Gemeng häerzlech fir dës Investitioun Merci gesot a betount, wéi wichteg déi nei Pist fir déi sëllegen Athlet∙innen an hirem Club wier. Dës nei Infrastrukur wier ee grousse Plus fir hire Veräin a géif sécher dobäi hëllefen, datt d’Sportler∙innen nach weider iwwert hir Grenze kënnen erausgoen.

Mat dëser Realisatioun ënnersträicht d’Gemeng Suessem hire Wëllen, de Sport an d’Veräinsliewen ze stäerken, andeems si e qualitativ héichwäertege Kader fir Training a Kompetitioune zur Verfügung stellt.

 
 

 
 

Zréck