Noces de fer vum Rosa a Vito Spinosa-Arduini
De Samschdeg, 13. September 2025, hunn d’Rosa an de Vito Spinosa-Arduini en absolut aussergewéinlecht Evenement gefeiert: hir 65 Joer Bestietnes, d’Noces de fer. Ëmgi vun hirer Famill a Kolleeg∙innen hu si dësen eenzegaartegen Anniversaire an A Gadder zu Bieles mat vill Freed an Emotioune gefeiert.
D’Gemeng Suessem gratuléiert dem Rosa a Vito häerzlechst fir dëse bewonnerenswäerte Liewenswee, dee voller gemeinsamer Momenter a schéinen Erënnerungen ass. Felicitatiounen!
Fotoen: Eric Engel