Colorissimo
De Samschdeg, 13. September 2025 gouf um Scheierhaff zu Zolwer nees ee ganz beléifte Rendez-vous gefeiert. D’Editioun 2025 vum Colorissimo, organiséiert vun der Gemeng Suessem an der Integratiounskommissioun, huet déi ënnerschiddlech kulturell Facettë gewisen. De ganzen Dag konnt dir national an international Stänn entdecken, kulinaresch Spezialitéiten aus aller Welt schmaachen a kulturell wéi och kënschtleresch Animatiounen erliewen. Vun 11.30 Auer stounge Musek an Dänz aus verschiddene Länner, kreativ Atelieren a Kachcoursë fir Kanner de ganzen Dag iwwer um Programm.
Fotoen: Max Staus