Vandalismus vu Panneau zu Zolwer
Am Kader vum Pride Month an der Luxembourg Pride Week huet d’Gemeng Suessem dëst Joer Dekoratioune mat Referenz op d’LGBTIQ+ Freedom Zone an de véier Uertschaften installéiert. Dës Schëlder sollen net nëmme fir visuell Präsenz an eisem ëffentleche Raum suergen, mee och fir en däitleche Message stoen: D’Gemeng Suessem engagéiert sech fir eng oppen, tolerant an inklusiv Gesellschaft, wou jiddereen·t – onofhängeg vu sexueller Orientéierung oder Geschlechtsidentitéit – seng Plaz huet.
Mat Bedaueren hu mir misse feststellen, datt d’Dekoratioun an der Rue de la Croix zu Zolwer iwwert de Weekend vum 26. Juni 2025 Zil vu Vandalismus ginn ass. Dëst Verhalen ass net acceptabel a gëtt vun der Gemeng op dat Schäerfst verurteelt. D’Gemeng huet eng Plainte deposéiert.
Mir wëllen nach eng Kéier ënnersträichen: Diskriminéierung huet an eiser Gemeng keng Plaz. D’Gemeng Suessem steet fest hannert hirer LGBTIQ+-Communautéit an trëtt kloer géint all Form vu mënscheveruechtendem Verhalen.