Mérite sportif extraordinaire
E Freideg, de 27. Juni 2025 goufen eng Partie Sportler·innen aus der Gemeng Suessem geéiert. Si hunn sech duerch aussergewéinlech Leeschtungen ervirgedoen, déi mam Mérite sportif extraordinaire dann och déi passend Unerkennung kréien.
- Maud Allar (Schwammen) fir hir sportlech Leeschtunge bei den nationale Rekorder 2024 a 2025, bei der Junior Europameeschterschaft 2024 zu Vilnius a bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra;
- Bob Bertemes (Liichtathletik) fir seng sportlech Leeschtunge bei den Olympesche Summerspiller 2024 zu Paräis, bei der Europameeschterschaft an der Liichtathletik 2024 zu Roum, bei de World Athletics lndoor Championship Glasgow 2024 a fir säin nationale Rekord 2024;
- Olivia Burgos (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei de Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Ilenia Defendi (Danz) fir hir sportlech Leeschtung beim Europäesche Modern Jazz Concours 2025 zu Esch;
- Louis Grandjean (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Sara-Maria Ispas (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Dino Kozica (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Nadine Kremer (Liichtathletik) fir hir sportlech Leeschtunge beim nationale Rekord 2025;
- Stéphanie Krumlovsky (Liichtathletik) fir hir sportlech Leeschtunge bei den nationale Rekorder 2025, bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra a bei der European Throwing Cup 2025 op Zypern;
- Sandra Lieners (Liichtathletik) fir hir sportlech Leeschtunge bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra a bei der European Running Championships 2025 an der Belsch;
- Yannick Lieners (Liichtathletik) fir seng sportlech Leeschtunge bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra;
- Lara Marques Araujo (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Christian Martins (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei de Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Valentina Martins (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Leeloo Reinesch (Schwammen) fir hir sportlech Leeschtunge bei de Spiller vun de klenge Länenr 2025 zu Andorra a beim nationale Rekord 2025;
- Luca Riggi (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei de Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Sandrine Rossi (Liichtathletik) fir hir sportlech Leeschtunge bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 zu Andorra;
- Iana Rossi Maurici (Karate) fir hir sportlech Leeschtunge bei der Weltmeeschterschaft am Karate 2024 zu Jesolo;
- Shayana Schile (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Joe Schmit (Para Climbing) fir seng sportlech Leeschtunge beim IFSC Climbing World Cup 2024 zu Innsbruck;
- Yannick Schott (Bodybuilding) fir seng sportlech Leeschtunge bei der Weltmeeschterschaft am Bodybuilding 2024 op de Maldiven an am Mr. Universe 2024 an Däitschland;
- Matheo Stoos (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Joé Teixeira (Pompjeeën) fir seng sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana;
- Dayna Thill (Pompjeeën) fir hir sportlech Leeschtunge bei den Internationale Spiller vun de jonke Pompjeeën – CTIF 2024 zu Borgo Valsugana.
Fotoen: Max Staus