Aweiung Crèche Roude Wee
E Freideg, den 20. Juni 2025, huet d’Gemeng Suessem d’offiziell Aweiung vun der neier Crèche Roude Wee gefeiert. Op 25, Geessewee zu Bieles gouf d’Inauguratioun am Kader vum Summerfest vun der Crèche Kanner organiséiert. Et war déi perfekte Geleeënheet, an enger entspaanter Atmosphär de Lien tëscht Personal, Gemengevertrieder∙innen an Familljen a Kanner ze festegen.
Bei guddem Wieder a Stëmmung konnten d’Gäscht déi modern an häerzlech amenagéiert Raimlechkeete vun der neier Struktur entdecken. Déi nei Infrastruktur steet fir eng sécher Plaz, wou d’Kanner gutt opgehuewe sinn a schéi Momenter verbrénge wäerten. D’Aweiung gouf duerch eng Ried vum Schäff∙innerot ageleet, deen d’Bedeitung vun dëser Investitioun fir d’Wuelergoe vun de Kanner a Famillje vun eiser Gemeng ënnerstrach huet. E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren, a virun allem un d’Ekipp vun der Crèche Roude Wee fir hiren Engagement an déi häerzlech Begréissung.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri