Den Heemwee vum Steen
Den 21. Juni 2025 hat de Këschtler·innekollektiv DKollektiv op eng Rees an d’Vergaangenheet op de Spuere vum Minett invitéiert. Dës Rees huet d’Participant·innen op de „Wee vum Steen“ gefouert, engem Sentier, deen 2024 um Gaalgebierg zu Bieles ageweit gouf. Vum Site vum ale Silo konnt een op de verschiddene Statioune vun der Promenad mam Eisenäerz interagéieren, selwer Hand mat uleeën a méi iwwer d’Geschicht vun der Stolindustrie gewuer ginn.
Fir den Dag ofzeronnen, koum de Cortège do un, wou de Minett Jore virdrun aus dem Buedem geholl ginn ass. An der Carrière Nardecchia 2 konnten d’Leit eng sonoresch a skulptural Performance erliewen, eng Presentatioun, déi als een Hommage un dat rout Gestengs an déi, déi e fréier gefërdert hunn, erënnere sollt. An der Carrière gouf et nach eppes ze iessen an ze drénken, fir dësen Dag gemeinsam auskléngen ze loossen.
Merci un all Mënsch, deen deelgeholl huet, trotz den héichsummerlechen Temperaturen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri