Sport
San’Up
Och 2025 gi mir iech Rendez-vous um San’Up, engem Dag voll gepak mat gratis Aktivitéite fir déi ganz Famill. E Freideg, den 9. Mee gesi mir eis um Kannercampus um Belval.
Egal ob Baseball, Yoga, Boxen, Parkour, Kampfsport, BMX, Serigrafie, Spektakelen, Danz a villes méi – um San’Up kënnt keng Langweil op.
Lass geet et um 10.00 Auer, déi eenzel Ateliere gi bis 18.00 Auer. Méi Informatioune ginn et op sanup.lu.
Adress: Kannercampus Belval (Belvaux)
Kontaktéiert den Organisateur
Kontaktéiert den Organisateur