Vëlostour duerch d’Gemeng
Eis Gemeng huet vill ze bidden, dorënner och e puer ganz flott Velosweeër duerch déi 4 Uertschaften.
Vum Veräin Le Guidon Belvaux gouf e Vëlostour ausgeschafft, dee mir de Samschden, 15. Juni 2024 an engem ganz gemittleche Kader fuere wäerten. Depart ass am Haff vun der Schoul 2000 zu Zolwer. Et ass keng Course, an et gëtt keng ze schwiereg Pente, fir dass jidderee ka matfueren. Egal ob Elektrovelo oder esouguer mat Kannerweenchen: jiddereen ass wëllkomm.
08.30 Auer – Vëlo-Check am Haff vun der Schoul 2000 mat der Maison du Vélo
09.30 Auer – Rendez-Vous fir de Vëlostour, Kaffi a Croissant fir déi di matfueren
10.00 Auer – Depart
12.00 Auer – Arrivée am Haff vun der Schoul 2000
Op hallwem Wee maache mir eng kleng Paus, wou et eng Schlupp Waasser an eng schéi Vue op d’Natur vun der Gemeng gëtt. Nom Tour gëtt all Participant, egal ob Grouss oder Kleng, op ee Patt um Marché Solidaire op der Place de l’Indépendance zu Zolwer invitéiert!
Mell Iech dofir wgl. iwwer Email un op matgesfeld@suessem.lu a sidd mat dobai.
