Seniorenolympiad 2025
Fir eng éischte Kéier gouf vum 27. Mee u wärend 4 Deeg d’Seniorenolympiad organiséiert. 4 Wunnstrukture fir Senior·inne ware bei der éischter Editioun mat dobäi: D’Fleegeheemer Op Lamp vu Waasserbëlleg, Gréngewald vun Nidderaanwen, An de Wise vu Beetebuerg an d’Résidence op der Waassertrap (REWA) vu Bieles.
Dës besonnesch Olympiad erméiglecht et d’Senior·inne sportlech aktiv ze ginn a sech an den Disziplinne wéi Basket, Minigolf oder Sëtzvolleyball ze probéieren. Um drëtten Dag war et un der REWA, d’Olympiad auszedroen éier et fir d’Finall op Beetebuerg gaangen ass.
D’Running Frogs vun der REWA hu sech bewisen a konnte virum Start vum 3. Dag déi éischt 1. Plaz vum Klassement uféieren. Mir wënschen hinne bonne Chance fir d’Finall zu Beetebuerg.















































