Opgrond vun Ärer Situatioun, kënne mir Iech follgend ubidden :

  • Ënnerstëtzung a Berodung fir Kanner an hir Famill, esou ewéi fir dat erzéierescht Team vum SEA
  • Orientéierung an Hëllefsstellung fir Familljen, déi sech iwwerfuerdert fillen an/oder sech an enger Krisesituatioun befannen
  • Jee no Besoin, psychopedagogesch Ënnerstëtzung fir d‘Familljen, esou ewéi fir d‘Team vum SEA
  • Hëllef an den erzéieresche Moossname vun alle Bedeelegten, an dës ouni Virurteeler, esou ewéi a kompletter Vertraulechkeet

“Ëm Hëllef ze froen, ass en Zeeche vu Stäerkt!”
 
De sozialen an edukative Service RASE (Relais d’accompagnement socio-éducatif) ass e gratis a benevole Service vum SEA (Service d’éducation et d’accueil) vun der Suessemer Gemeng, deen dem erzéiereschen Team, de Kanner an hire Familljen zur Verfügung steet.

All d’Professioneller vum soziale Secteur, Erzéier·innen, Enseignanten, Elteren/Tuteur·ricen, esou ewéi d’Kanner selwer, kënnen sech wärend den Ëffnungszäiten (8h00 – 12h30 / 13h30 – 16h00) un de Service wenden. Rendez-vousen ausserhalb vun dësen Horairë sinn op Ufro och méiglech.