Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Ëmweltteam & Suessem schmaacht

D’Ëmweltteam, wat 1999 scho gegrënnt gouf, schafft direkt mat de Servicer vun der Gemeng Suessem zesummen, fir esou déi nohalteg Fleeg oder d’Neigestaltung vu Gréngflächen, Spillplazen an Trëppelweeër ze garantéieren.

D’Employéë vum Service « Suessem schmaacht », deen zënter Mäerz 2017 funktionéiert, gi vum Service ecologique vun der Gemeng Suessem an externe Firmen an der biologescher Landwirtschaft an am Ënnerhalt vun de Planzen an de Gemeinschaftsgäert vun der Gemeng oder an de Gäert, déi vu Privatpersounen zur Verfügung gestallt ginn, geschoult.

D’Haaptobjektiver vu béide Servicer sinn déi heiten:

Persounen, déi hir Aarbecht verluer hunn, zwee Joer laang Stabilitéit z’offréieren duerch e gereegelten Aarbechtsalldag an e reegelméissege Revenu.

De Beneficiairen Aus- a Weiderbildungen z’erméiglechen an dës, an der Limitt vum Budget vum Service, och mat ze finanzéieren.

Nohalteg zum Schutz vun der Ëmwelt bäidroen an d’Gemeinschaftsgäert um Gebitt vun der Gemeng Suessem nohalteg a solidaresch ze bewirtschaften.