01/06/2026
Stee vu véier Gefierer
D’Gemeng Suessem versteigert véier Gefierer aus dem kommunale Fuhrpark.
Renault Kangoo Express ZE
- Ugemellt: 31.10.2017
- Kilometerstand: 84.078km
- Referenz: YM 7053
- D’Leeschtungselektronik ass futti.
Renault Zoé
- Ugemellt : 27.10.2014
- Kilometerstand: 30.889km
- Referenz: QA 8069
- De Chargeur ass futti.
Ford Transit
- Ugemellt: 19.11.2008
- Kilometerstand: 195.427km
- Referenz: SK 9451
- D’Carrosserie ass an engem schlechten Zoustand an et ginn e puer Fuiten.
Ford Transit
- Ugemellt: 20.02.2014
- Kilometerstand: 189.205km
- Referenz: ZN 7184
- D’Carrosserie ass an engem schlechten Zoustand, de Motor ass futti an et gouf ee Kabelbrand.
Prozedur
Falls Dir un engem Gefier interesséiert sidd, an eng verbindlech Präisoffer maache wëllt, recommandéiere mir Iech eng Inspektioun am Service technique (75, rue de l’Usine – L-4490 Bieles).
Delai fir d’Offer: 19. Juni 2026
Adresséiert Är Offer wgl. u mail@suessem.lu mat Ärem Numm, Ärer Adress, enger Telefonsnummer, enger E-Mail-Adress an der Referenznummer.
Weider Informatioune kritt Dir ënnert der Telefonsnummer 59 30 75 – 928 oder via garage@suessem.lu.
Kontakt : M. Schlim