Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
29/11/2019

Depressioun: Manner Virurteeler, méi Fakten

Wat an der Fiktioun konkret kann duergestallt ginn, ass an der Realitéit dacks wesentlech méi komplex. D’Schrëftstellerin J. K. Rowling huet an den Harry Potter-Bänn beispillsweis hiert perséinlecht Erliefnis vun enger Depressioun an de Monsteren, déi Dementore genannt ginn, visualiséiert. Sinn déi magesch Monsteren no bäi, empfënnt ee keng Freed méi, et gefréiert alles an et gesäit ee just nach dat Schlëmmst. An de Bicher kënnen d’Protagonisten e Patronus beschwieren, deen e magesche Schutz billt an den Dementor ofwiert. An der Realitéit ass dëst méi schwiereg, schonn eleng well d’Erkenne vun enger Depressioun net esou einfach ass.

Ganz ënnen op dëser Säit fannt Dir d’Krittäre vun der Depressioun, wéi se vun der World Health Organization (WHO) an der Classification Internationale des Maladies (CIM) festgehale goufen.
 

 
Déi meescht vun eis hunn eng ongeféier Anung dovun, wat eng Depressioun ass. Allerdéngs fält et deene meeschte vun eis schwéier se bei sech selwer z’erkennen. D’Dr. Elisabeth Seimetz vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale ASBL erkläert: „Dacks erkennen d’Leit den Zesummenhang vun de Symptomer net. Zum Beispill – ech schlofen net gutt, hu Kappwéi, et geet mir net gutt… mee ech gesinn net, dass dat alles eppes mateneen ze dinn huet. Et kann dee Moment schonn eng Krankheet sinn, ouni dass een et selwer realiséiert. Wann d’Leit da bei den Hausdokter ginn, soen se just, dass si déi ganzen Zäite Kappwéi hunn, an iwwer de Rescht gëtt net geschwat.

Am Géigesaz zu deem wat ee gäre gleeft, ass d’Depressioun effektiv als richteg Krankheet unerkannt, déi hier Ursaachen, Symptomer a Behandlungsméiglechkeeten huet. D’Dr. Elisabeth Seimetz betount: „Et ass kee Virurteel, mee e Fakt.
 

 
No Schätzunge vun der WHO sinn em déi 5% vun der lëtzebuergescher Populatioun pro Joer vun enger Depressioun betraff, d.h. 20.000 Fraen an 10.000 Männer. Et dierf een net generaliséieren a behaapten, dass et sech haaptsächlech ëm eng Fraekränkt géif handelen. Eng Depressioun huet vill Facetten a ka sech bei jidderengem anescht weisen. „Et kënnt vir, dass Männer alt emol an der Depressioun méi reizbar sinn. ‚Et ka virkommen‘ heescht awer net, dass dat bei all Mann esou ass. Dat anert ass, dass Männer zum Beispill éischter zur Sucht tendéieren, Alkoholiker ginn, wat allerdéngs och nees Depressiounen ausléise kann, déi dann dacks manner gutt erkannt ginn“, esou d’Dr. Elisabeth Seimetz.

An anere Wierder: Depressioun ka verschidde Formen unhuelen. Wat kann en Auswee aus der Depressioun sinn? Jidderee kann hei eng wichteg begleedend Roll spillen. D’Dr. Elisabeth Seimetz réit: „D’Persoun soll net eleng gelooss ginn, och wann d’Persoun seet ‘Ech brauch keng Hëllef! Looss mech mat Rou!’. Am Réckbléck soe betraffe Leit duerno nämlech, dat Schlëmmst wier gewiescht, dass keen si méi gefrot hätt. Natierlech ass et als no stoend Persoun schwéier, an dofir ass et och wichteg esou séier ewéi méiglech ze kucken, dass Professioneller involvéiert ginn.
 

 
Symptomer vun enger Depressioun

Sicht d’Gespréich mat ärem Hausdokter oder enger Struktur wéi der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale, wann Dir op d’mannst 5 vun de folgende Symptomer hutt, woubäi och ee vun den zwee Éischtgenannten dobäi muss sinn:

• Depressiv Stëmmung (traureg, eidel, hoffnungslos)
• Keen Interessi oder Pleséier méi

• Keen Appetit oder méi Appetit wéi soss
• Schlofstéierungen
• Psychomotoresch Agitatioun oder Ralentissement
• Middegkeet oder Energieverloscht
• Sech schëlleg a sech wäertlos spieren
• Konzentratiounsschwieregkeeten an Opmierksamkeetsstéierungen
• Gedanken un den Doud oder Selbstmord

D’Unzuel an d’Intensitéit vun de Symptomer kënnen ënnerschiddlech sinn. Et schwätzt ee vun Depressioun, wann d’Symptomer quasi de ganzen Dag wärend op d’mannst 2 Wochen undaueren.

Fir méi Informatiounen iwwer d’Depressioun an eng detailléiert Lëscht vun den Informatiounsservicer a Strukturen, wou een Hëllef kritt, kënnt Dir op www.prevention-depression.lu fannen oder de Service Information et Prévention vun der Ligue um Telefon 45 55 33 uruffen.

(Source: Depliant ‚La dépression: parlons-en‘ vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a vum Ministère de la Santé)

Zréck