Service des Sports
De Sportkoordinator vun der Gemeng Suessem ass déi zentral Uspriechpersoun fir all Froe ronderëm Sport, Beweegung an d’Veräinsliewen an der Gemeng. Hien ënnerstëtzt déi lokal Sportsveräiner an hirer Organisatioun an Entwécklung, koordinéiert d’Notzung vun de kommunale Sportinfrastrukturen a organiséiert a begleet sportlech Projeten an Evenementer.
Ausserdeem fërdert de Sportkoordinator d’Zesummenaarbecht tëscht de Veräiner, de Schoulen (LASEP), der Kannerbetreiung (SEA), de Jugendstrukturen an der Gemeng, fir eng villfälteg an accessibel Sportoffer fir all Altersgruppen ze garantéieren. D’Zil ass et, de Sport zu Suessem nohalteg ze stäerken an d’Beweegung am Alldag vun de Bierger∙innen ze fërderen.
Aussergewéinlech sportlech Leeschtungen – mellt iech!
D’Gemeng éiert reegelméisseg Sportler·innen, déi sech duerch besonnesch Leeschtungen op regionalem, nationalem oder internationalem Niveau ervirgedoen hunn.
Dir hutt dëst Joer eng aussergewéinlech sportlech Leeschtung erbruecht? Da freeë mir eis op är Kandidatur!
Dat gëllt besonnesch och fir Sportler·innen, déi an der Gemeng wunnen, awer kengem Sportveräin aus der Gemeng ugehéieren.
Mellt iech hei a gitt déi néideg Informatiounen zu ärer sportlecher Leeschtung un. Nom Iwwerpréiwe vun ären Donnéeë setze mir eis, falls néideg, mat iech a Verbindung.
Mir freeën eis drop, déi sportlech Leeschtunge vun eise Bierger∙inne siichtbar ze maachen an zesummen ze éieren.