Aschreiwung fir d’Gemengerotsberichter
Wousst Dir, datt d’Rapporte vum Gemengerot am Joer 2025 méi wéi 1,5 Millioune Säiten ausgemaach hunn?
Fir dësen ekologeschen Impakt ze reduzéieren an der Méisproochegkeet an eiser Bevëlkerung gerecht ze ginn, passt d’Gemeng d’Distributioun vun dëse Berichter ab Juli 2026 un. D’Rapporte vum Gemengerot gi vun dësem Zäitpunkt un net méi am kuerz&knapp. verëffentlecht, mee just nach op Ufro verschéckt. Wëllt Dir déi gedréckte franséisch Versioun an Är Bréifkëscht kréien, da schreift Iech bei eis an!
Versiounen op Däitsch an Englesch, genee sou wéi déi franséisch, kënnen awer och ganz einfach per E-Mail verschéckt ginn. D’Audioopnamen op Lëtzebuergesch si selbstverständlech weiderhin e puer Stonnen no all Sëtzung op suessem.lu ze fannen.