Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Wichteg Zuelen

  • Ufank vum Projet:
    1 September
  • Responsabel:
    Administration communale de Sanem, SNHBM

Quartier “Geessewee” zu Bieles

D‘Gemeng Suessem realiséiert, an Zesummenaarbecht mat der Société Nationale d’Habitations à Bon Marché (SNHBM), e Konstruktiounsprojet op 5,7 Hektar ënnert dem speziellen Entwécklungsplang (PAP), genannt „Geessewee“. Honnerte vu Famillje wäerten hei zu engem verstännege Präis en Doheem an dësem neie Bielesser Quartier fannen.

De Spuedestéch fir dësen ambitiéise Projet ze realiséieren ass am September 2017 gemaach ginn. Op enger Gesamtfläch vu 5,7 ha wäert d’SNHBM am ganzen 93 Eefamilljenhaiser an 11 Residence bauen, esou dass hei 183 nei Logementer entstinn.

Well sech de Projet virun allem u jonk Familljen aus der Gemeng Suessem adresséiert, gëtt Facteuren ewéi Alter, Residenz oder och nach Unzuel vun de Kanner Rechnung gedroen, fir esou ze bestëmme wien prioritär heihinner wunne komme kann.

D’Infrastrukturaarbechten hunn am am September 2017 ugefaangen an de Bau vun den éischte Wunnengen ass Uganks 2018 lassgaangen. Den neie Quartier wäert net just dem Auto Prioritéit ginn. Dowéinst ass d’Stroossennetz am Quartier als „zone de rencontre“ definéiert an et sinn och Zonë komplett ouni Autosverkéier virgesinn.

Den nohaltege Charakter vum neie Quartier „Geessewee“ gëtt en plus nach duerch e grousse Reewaasseropfänkbaseng, eng Spillplaz an zousätzlech Gréngflächen ënnerstrach. Fir de Confort a d‘Liewensqualitéit vun den Awunner zousätzlech ze verbesseren, entsteet e liicht zougänglechen  ëffentleche Raum ronderëm de „Centre Culturel Metzerlach“, an deem och eng Partie Geschäftslokaler virgesi sinn.

Zréck