Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Wichteg Zuelen

  • Ufank vum Projet:
    1 October
  • Enn vum Projet:
    15 September
  • Käschten:
    56 000 000 €
  • Responsabel:
    Administration communale de Sanem

Kannercampus Belval

De Grondstee fir den zukünftege Kannercampus um Belval gouf de 17. September 2017 geluecht. Vun der Rentrée 2020 u sollen hei eng Schoul, eng Crèche, eng Maison Relais, eng École differenciée et eng Sportshal Schülerinnen a Schüler empfänken.

An der Noperschaft vum CIPA « Résidence op der Waassertrap », op der Héicht vun der Plaz Marcelle Lentz-Cornette geleeën, wäert den zukünftege Kannercampus, deen aus véier Gebaier besteet, eng Gesamtfläch vun 23.150m2 kréien. Déi kommunal Schoul gëtt op dräi vun dëse Gebaier verdeelt. Eent an deem op 7.595m2 d’Crèche, de Préscolaire an och d’Cycles inférieurs ënnerbruecht ginn, eent fir d’Cyclen 2 – 4, wat 5.303m2 Plaz bidde wäert an eng Sportshal mat enger Bruttosurface vu 4.340m2, déi hallef an de Buedem kënnt an aus dräi Terrainen, Vestiairen, enger klenger Tribün an enger Multifunktiounssall bestoe wäert.

Dat véiert Gebai gëtt dat vun der École differenciée a kritt eng Fläch vu 5.859m2. E Parking fir d’Enseignante gëtt ënnert dem Schoulhaff amenagéiert an en zweete fir aner Utilisateuren an der direkter Noperschaft vun de véier Gebaier. D’Raimlechkeete vun der Maison Relais ginn an déi dräi Schoulgebaier integréiert, fir esou Enseignement a Maison Relais nohalteg mateneen ze verknäppen.

Grouss Flächen tëscht de Schoulgebaier wäerten als Foussgängerweeër tëscht dem grousse Park vum Quartier an der Plaz virum CIPA op der Waassertrap funktionéieren. Fir de Bau vum Kannercampus um Belval ass et Budget vun 56.000.000 € gestëmmt ginn an e wäert, vun der Rentrée 2020 un, enge 650 Schülerinnen a Schüler (590 an der kommunaler Schoul a 60 an der EDIFF) eng flott Plaz bidde fir ze léieren an sech z’entfalen.

Zréck