San’Up (Photoclub Suessem)
Den 9. Mee war déi 3. Editioun vum San’Up, een Dag voller gratis Aktivitéite fir déi ganz Famill. Sport, Kultur a Jugend sinn d’Eckfeiler vun dësem Event a d’Loscht, eppes Neies auszeprobéieren, steet am Mëttelpunkt. De Feierdag um Kannercampus a Park um Belval gouf nieft eis och vum Photoclub Gemeng Suessem festgehalen. Weider Fotoe fannt dir hei.