San’Up
E Freideg, den 9. Mee stoung de Kannercampus a Park um Belval fir eng drëtte Kéier nees ganz am Zeeche vum San’Up, engem Dag voll gepak mat Sport a Kultur. Vun 10.00 bis 18.00 hu lokal Veräiner an Associatioune gratis Workshops fir déi ganz Famill ugebueden. Vu Baseball, BMX a Baseball, iwwer Dance Yoga, Disc Golf a Graffiti, iwwer Flag Football, Karate oder Liesungen, mat iwwer 20 Ateliere war keng Plaz fir Langweil.
Mir soen all Persoun, déi op iergendeng Manéier implizéiert war, e grousse Merci an och all Mënsch, deen de Wee bei eis an de Süde fonnt huet.
Fotoen: Steve Ginepri / Gemeng Suessem
Déi komplett Galerie fannt dir hei.