Kino beim Schlass
Vum 4. bis de 7. September 2025 huet sech Suessemer Schlass an ee grousse Kinossall ënnert oppenem Stärenhimmel verwandelt a mat honnerteen Zuschauer∙innen véier onvergiesslech Owend gefeiert.
Lass gaange war et en Donneschdeg mat engem vun eise Familljenowender: d’Projektioun vu The Secret Life of Pets. Och wa mer keng Chance mam Wieder haten, hu sech et der awer e puer an eise Strandkierf oder ënnert dem Zelt gemittlech gemaach. De Freideg huet den Duo Aramelo mam akrobateschen an humorvolle Spektakel (un)folded begeeschtert, ier den Owend mat der vill erwaarter Projektioun vu Minecraft weidergaangen ass. Samschdes war et Zäit fir Action a Spannung mat Mission: Impossible – The Final Reckoning, wou den Ethan Hunt seng geféierlechst Missioun géint eng kënschtlech Intelligenz ugeholl huet. De Sonndeg stoung eis Horror Night um Programm: De lëtzebuergesche Regisseur Jacques Molitor huet d’Projektioun vu 28 Years Later ageleet.
Taucht an eis Fotosgalerie an erlieft déi schéinste Momenter vum Kino beim Schlass 2025 nach eng Kéier. Méi Fotoe fannt dir op kinobeimschlass.lu.