Virowend vun Nationalfeierdag
De Sonnden, 22. Juni 2025 gëtt de Virowend vun Nationalfeierdag bei eis an der Gemeng traditionell um KUSS zu Zolwer gefeiert.
Programm:
18h00 Ouverture | Dj Fr3sh
19h30 Opstellung Cortège an der Rue du Knapp
19h45 Depart Cortège
20h00 Offiziell Usprooch vun der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz
20h30 Noisemakers
23h00 Splashtastic! | Spectacle de fontaines dansantes
00h00 CDT Events
De Virowend vun Nationalfeierdag ass ee GREEN EVENT, et ass also eng Prioritéit, ëmweltbewosst Mesuren deen Owend ëmzesetzen. Nieft den Navette kann op den ëffentlechen Transport zeréckgegraff ginn, zum Beispill d’TICE-Linnen 3 a 15, den Zuch oder de Vël’OK, fir deen eng Statioun direkt beim KUSS ass. Um Owend selwer verzichte mir op Eewee-Plastik a bidden och Vegan- a Veggie-Iessen un. Nëmme mat ärer Hëllef kënne mir dës Moossnamen ëmsetzen.
Luet iech hei den Horaire vun der gratis Navette erof: Navette 2025