Fräiloftausstellung „My Euro-Vision”
D’Fräiloftausstellung „My Euro-Vision: Framing a Continent” vum Eric Engel am Parc Backes mat Vernissage den 9. Juli um 18.30 Auer. Den Opening vun der Expo ass deen Owend an d’Ausstellung ass bis den 1. Oktober.
Den Eric Engel, Joergang 1985, ass zu Zolwer opgewuess a war laang an der Gemengekultur musikalesch aktiv. Nodeems d’Musek dann zu sengem Beruff gouf, huet den Eric Weeër gesicht fir sech och visuell auszedrécken an haut ass hien nieweberufflech och Fotograf ënner anerem an der Philharmonie an an de Rotondes.
An Zäite vu verzerrter Realitéit soll dës Ausstellung en amüsanten, ma virun allem éierleche Portrait vun enger Rei europäesche Stied illustréieren. D’Opname sinn dohier alleguer en ongestalltent Zoufallsprodukt vum alldeegleche Liewen op de Stroossen.