Plan canicule – Adaptatioun vun Ëffnungszäiten
Wéinst de Wiederkonditioune ginn d’Ëffnungszäite vun den administrative Servicer vun der Gemeng Suessem fir de Recht vun der Woch ugepasst.
- E Mëttwoch, de 27. Mee 2026 vun 8.00 bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung
- En Donneschdeg, den 28. Mee 2026 vun 8.00 bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung
- E Freideg, den 29. Mee 2026 vun 8.00 bis 14.00 Auer ouni Ënnerbriechung
Dovunner ass och de Service Technique betraff. Dëse gëtt déi dräi Deeg bis 14.00 Auer assuréiert. D’Permanence vum État Civil bleift och assuréiert iwwert d’Telefonsnummer 621 277 227.
Dës Ännerunge gëllen nëmme fir de 27, 28 an 29. Mee 2026. Nom Weekend fonctionéieren d’Servicer nees no de gewinnten Auerzäiten.
De Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale huet am Fall vun enger Canicule Recommandatiounen eraus ginn. Informatioune ginn et hei. Fir d’Senior∙inne ginn et och entspriechend Recommandatiounen, dës ginn et hei fir nozeliesen.