5. Etapp vun der Flèche du Sud iwwer Bieles
Vum 13. bis 17. Mee 2026 ass nees Flèche du Sud. D’Course féiert och dëst Joer duerch eis Gemeng, de Circuit geet duerch Bieles.
Dag vun der Course: e Sonndeg, de 17. Mee 2026
Passage duerch Bieles: tëscht 13.00 a 17.00 Auer
Aus Sécherheetsgrënn gëtt de Verkéier op der gesamter Streck tëscht +/- 12.00 a 17.30 Auer als Sens-unique gereegelt. Eng Rëtsch Busarrête wäerte fir dës Dauer an op där Stréck net ugefuer ginn. Op www.mobiliteit.lu kënnen d’TICE- an d’RGTR-Linne consultéiert ginn.
Bei Froe kënnt dir eise Service technique ënnert der Nummer 593075 – 477 oder via E-Mail secretariat.technique@suessem.lu kontaktéieren.
