07/05/2025
Flèche du Sud vum 28. Mee bis 1. Juni
Déi 2. Etapp vun der 74. Flèche du Sud geet dëst Joer e Freiden, den 30. Mee duerch eis Gemeng. Départ vun den 160,2 Kilometer ass zu Suessem an der Rue de Niederkorn a féiert och duerch Bieles an Zolwer.
D’Etapp ass vu kuerz virun 13.00 Auer bis kuerz viru 17.00 Auer ugesat, wärend där Zäit kann et also op deene verschiddene Plazen, wou d’Cyclisten duerchfueren, zu Perturbatiounen am Verkéier kommen.
Zu Suessem, Bieles an Zolwer féiert d’Course duerch eng Partie Stroossen. Den Detail gëtt et hei fir nozeliesen: Flèche du Sud 2025