Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

À suivre… Young Talents’ week.

Du bass tëscht 12 a 26 Joer al an hues Loscht dech künstleresch z’entfalen?

Da sief en Deel vun der zweeter Editioun vun der Young Talents’ Week à suivre… vun der Gemeng Suessem a suivéier aussergewéinlech Artisten op hirem Terrain! A villäicht suivéieren dir d’Leit deemnächst.

An der Allerhellgevakanz waarden tëscht dem 02. an dem 06. November sechs Atelieren op dech, bei deenen s du denger Kreativitéit fräie Laf loosse kanns.

Sämtlech Ateliere gi selbstverständlech am Respekt vun de Geste-barrièren ofgehalen.

 

Verbindlech Umeldung bis spéitstens freides, den 30. Oktober 2020. (Ënnen op dëser Säit)

All Atelier kascht 10 €. D’Sue sinn den éischten Dag vum Cours matzebréngen.

 

Raphael Gindt – Urban Art

Mëttwochs, de 04. November an donneschdes, de 05. November vu 14.00 – 17.00 Auer

Treffpunkt (outdoor) gëtt nach matgedeelt.

Méi Informatiounen iwwert de Raphael Gindt

 

Sabrina Kaufmann – Manga

Méindes, den 02. November bis donneschdes, de 05. November vun 09.30 – 12.00 Auer

De Cours ass op 10 Participante begrenzt.

Kulturschapp Éilereng
(15, rue Kulturschapp / L-4380 Éilereng)

Méi Informatiounen iwwert d’Sabrina Kaufmann

 

Tom Kree – Molerei

Méindes, den 02. November bis mëttwochs, de 04. November vu 14.00 – 16.30 Auer

De Cours ass op 8 Participante begrenzt.

Turnsall vun der Schoul Bieles-Post
(2, rue de la Poste / L-4477 Bieles)

Méi Informatiounen iwwert den Tom Kree

 

Photoclub Gemeng Suessem

Mëttwochs, de 04. November bis freides, de 06. November vu 14.30 – 18.00 Auer

De Cours ass op 6 Participante begrenzt.

Centre Culturel Metzerlach
(62, rue Sigefroi / L-4407 Bieles)

Die Teilnehmer können selbst aussuchen, was sie genau fotografieren wollen, das Hauptthema ist allerdings das sogenannte surreale Composing, also das Zusammensetzen von mehreren Fotos in ein finales Foto. Die Teilnehmer sollen eine eigene Idee finden und entwickeln (natürlich mit unserer Hilfe). Diese wird dann im Laufe der Tage weiterentwickelt und realisiert. Am Ende werden die fertigen Fotos für den Druck vorbereitet und als Prints online bestellt.

Méi Informatiounen iwwert de Photoclub

 

Maka Mc – Rap

Mëttwochs, de 04. November bis freides, de 06. November vun 10.00 – 12.00 Auer

De Cours ass op 10 Participante begrenzt.

Artikuss
(3, rue Jean Anen / L-4413 Zolwer)

Méi Informatiounen iwwert de Maka MC

 

Gianmarco – (Fun)Natural Evolution

Mëttwochs, de 04. November bis freides, de 06. November vun 09.30 – 12.00 Auer

De Cours ass op 10 Participante begrenzt.

Kultur- a Geschichtshaus A Gadder
(8-10, rue de France / L-4446 Bieles)

L’atelier de dessin proposera aux jeunes participants de laisser libre cours à leur fantaisie en créant des oeuvres uniques représentant des animaux imaginaires, en combinant des attributs physiques de plusieurs espèces.

Cet atelier se veut être un moment de relax, ludique, tout en prenant conscience de la biodiversité animale et de l’importance de la préserver. La nature a toujours su évoluer et s’adapter au travers des âges – l’illustrateur Gianmarco servira de guide pour permettre à chacun de s’exprimer sur papier, au crayon et à la gomme, afin de faire naitre de leur propre imagination des créatures inédites!

Méi Informatiounen iwwert den Gianmarco

 

Verbindlech Umeldung bis spéitstens freides, den 30. Oktober 2020.

All Atelier kascht 10 €. D’Sue sinn den éischten Dag vum Cours matzebréngen.

À suivre... Umeldung

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.