Erkennt dir Iech an enger vun dëse Situatiounen erëm?
- Meng Famill duerchlieft momentan eng schwéier Zäit
- Alles wiisst mir iwwert de Kapp
- Ech weess net un wien ech mech ka wenden
- Ech géing gären iwwert méiglech Hëllefen opgekläert ginn

Opgrond vun Ärer Situatiounen, kann Iech eise Service dëst proposéieren:
- Eng Ecoute, Ënnerstëtzung a Berodung
- Eng sozial Betreiung
- D’Elteren an d’Kanner an hire Projeten an Demarchen ënnerstëtzen
- Eng Ënnerstëtzung fir Famille sinn, déi sech iwwerlaascht fillen oder sech an enger Krisesituatioun befannen
- E sozio-edukativen Encadrement bei de Famillen doheem, opgrond vun hiren Disponibilitéiten
De sozialen an edukative Service “RASE” (relais d’accompagnement socio-éducatif) ass e gratis a benevole Service vun der Suessemer Gemeng. All déi Professionell vum soziale Secteur, d‘Schoulpersonal, d‘Educateuren/-tricen, souwéi d’Kanner selwer, déi an der Gemeng an d’Schoul ginn an/oder an der Maison Relais ageschriwwe sinn, mee och hir Famill, kënne sech un eise Service wärend de Bürosstonnen (8.00 – 12.00 Auer / 13.00 – 16.00 Auer) wenden. Rendez-vousen ausserhalb vun dësem Horaire sinn op Ufro och méiglech.
Service RASE
16, rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Tél: 59 30 75 – 822 / – 823
Cindy Afonso Michaël Zaccaria
Assistante sociale Educateur gradué
Tél: 59 30 75 – 822 / 621 284 296 Tél: 59 30 75 – 823 / 621 326 645
E-mail: cindy.afonso@suessem.lu E-mail: michael.zaccaria@suessem.lu