De Summer léisst net méi laang op sech waarden, also héich Zäit, d’Wanderschong an d’Lafschlappen nees erauszehuelen. Um Terrain vun der Gemeng Suessem gëtt fir all Niveau eppes gebueden – vu familljefrëndleche Spazéiergäng bis zu spannenden Trails oder erausfuerdernde Laftier an der Natur, kënnt all Mënsch op seng Käschten.
Egal ob dir mat aneren oder solo op Entdeckungstour gitt, eis Gemeng ka souwuel als schéi Lafregioun wéi och mat flotte Wanderweeër punkten.
Zäit, de Kapp fräizekréien an den Ufank vum Fréijoer a vollen Zich ze genéissen:
- Circuit 4 Koppen Tour: 9,47 KM
- Gaalgebierg Blo: 4 KM
- Gaalgebierg Giel: 7 KM
- Gaalgebierg Rout: 10 KM
- Fit-Parcours Gaalgebierg Gréng: 2,6 KM
- Naturléierpad: 1,3 KM
- Auto-Pédestre Trail Belvaux: 9,21 KM
- Minett Trail Belval-Rédange Gare – Esch Gare: 6,50 KM
- Minett Trail Déifferdeng Gare – Belval-Rédange Gare: 8,15 KM
- CFL Bieles-Zolwer – Belval-Universitéit: 4,17 KM
- CFL Esch – Bieles-Zolwer: 9,02 KM
- CFL Bieles – Zolwer – Uewerkuer: 4,17 KM
- CFL Wanderwee Niedercorn – Nidderkäerjeng-Suessem: 5,23 KM
- CFL Wanderwee Bascharage-Suessem – Dippech-Reckeng: 10,08 KM