Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Gemengepakt

 

 
Am Mäerz 2024 huet d’Gemeng Suessem offiziell de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Dobäi handelt et sech ëm e partizipativen an dynamesche Prozess, deen drop ausgeriicht ass, d’interkulturellt Zesummeliewe vun den Awunner·innen an de Leit, déi hei um Territoire schaffen, ze stäerken an zesummen un enger oppener, inklusiver Gemeng ze schaffen. Eis Gemeng war och scho virdrun am Kader vun dësem Pilotprojet aktiv.
 
De Gemengepakt ass méi wéi eng Symbolaktioun: Et ass en Engagement fir Respekt, Toleranz, Diversitéit an Zesummenhalt – Wäerter, déi eist Zesummeliewen zu Suessem dagdeeglech präägen.
 
Wéi funktionéiert de Prozess?
 
D’Ëmsetzung vum Gemengepakt leeft a Zyklen, déi folgend Etappen ëmfaassen:

  • Festleeë vun enger Prioritéit
    Am Comité de pilotage, dee vum Schäff∙innerot festgeluecht gouf, gëtt eng thematesch Prioritéit bestëmmt.
  • Biergeratelier
    Duerch e partizipativen Atelier gi Bierger∙innen a Leit, déi op eisem Territoire schaffen, aktiv an d’Gestaltung vum interkulturelle Zesummeliewen agebonnen.
  • Recommandatiounen an Aktivitéiten
    D’Resultater aus dem Atelier ginn un de Service à l’Égalité des chances et Diversité weidergeleet a fléissen an d’Organisatioun vu konkrete Projeten an.
  • Evaluatioun a Weiderentwécklung
    No der Ëmsetzung vun den Aktiounen a Projeten vun där bis dohi festgeluechter Prioritéit gëtt am Comité de pilotage alles evaluéiert – an eng nei Prioritéit definéiert.

Matmaachen!
 
Mir sinn iwwerzeegt: Eng staark Gemeinschaft entsteet duerch Zesummenhalt an aktiven Dialog. Dofir freeë mir eis iwwer är Matgestaltung an d’Participatioun un de verschidden Etappen vum Pakt.
 
Fir Froen oder Virschléi kënnt dir iech un de Service à l’Égalité des chances et Diversité wenden per Mail op service.secd@suessem.lu a per Telefon op d’Nummer 59 70 35-654.
 

Signature vum Pakt am Mäerz 2024.