Benevolat an Zesummeliewen
E Samschdeg, de 26. Abrëll ass engem direkt Laachen a verschidde Sproochen entgéint geschaalt. Kleng a Grouss hu sech op eisem éischten thematesche Brunch zesummefonnt fir sech iwwert d’Thema Benevolat an interkulturell/intergenerationell Treffen auszetauschen. „Ech freeë mech immens, sou vill nei Gesiichter hei bei eis wëllkomm heeschen ze dierfen“, begréisst d’Nathalie Morgenthaler, Schäffin vum interkulturellen Zesummeliewen, déi 140 Leit, déi de Wee bei eis fonnt hunn.
Wärend d’Kanner vum motivéierten an engagéierten Animastaff betreit goufen, hunn d‘Erwuesse konnten u verschiddene Statiounen hir Meenung an Iddie matdeelen. Zudeem gouf déi nei Plattform vum Benevolat virgestallt. D’Associatiounen an och d’Awunner·inne kruten en Abléck, wéi se sech e Konto kreéieren an d’Missiounen eroplueden oder nosiche kënnen. Den Austausch war ganz opschlossräich a multikulturell, well bis zu 4 Sproochen op verschiddene Statioune vum Biergeratelier geschwat goufen. Vill nei Perspektiven a flott Faziter hu sech erauskristalliséiert un deenen de Service à l’Égalité des chances et Diversité vun der Gemeng Suessem wäert schaffen.
Wann dir Froen a puncto Benevolat an interkulturellen/intergenerationellen Treffen hutt, kontaktéiert de Service à l’Égalité des chances et Diversité per Mail op service.secd@suessem.lu oder per Telefon um 59 30 75-654.
Villmools Merci un all déi, déi dobäi waren a sech aktiv bedeelegt hunn.
Fotoen: Max Staus