Virowend vun Nationalfeierdag
E Sonnden, den 22. Juni 2025 gouf de Virowend vun Nationalfeierdag traditionell um KUSS zu Zolwer gefeiert. Um 18.00 Auer huet den DJ Fr3sh fir déi passend Stëmmung gesuergt. Duerno hunn d’Leit sech an der Rue du Knapp fir de Cortège opgestallt, dee sech um 19.45 Auer a Richtung KUSS a Beweegung gesat huet. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet hir offiziell Ried gehalen an d’Feierlechkeeten si mat den Noisemakers weidergaangen, ier géint 23.00 Auer Splashtastic!, eng spektakulär Waasser- a Luuchteshow, um Programm stoung. D’Soirée ass duerno mat Musek vun CDT Events virugaangen.
D’Soirée stoung ganz am Zeeche vum Green Event. Fir den ekologeschen Impakt ze reduzéieren, goufen ënner anerem gratis Navetten ugebueden. Donieft konnt op d’Linnen TICE 3 a 15, den Zuch oder de Vël’OK zeréck gegraff ginn. A Punkto Iessen a Gedrénks gouf op Eewee-Geschier verzicht a vegetaresch a vegan Iesse mat biologeschen a regionale Produiten ugebueden. Merci alleguer fir ären Engagement.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri