Gewënner∙innen „Pimp my Bushaischen“
De Concours „Pimp my Bushaischen“ huet och dëst Joer nees gewisen, wéi een Impakt Fantasie a Kreativitéit kënnen hunn. D’Iddi ass einfach: de Bushaisercher an der Gemeng en neit Liewen ze ginn – verschéinert duerch artistesch Projeten, déi vu Schoulen, Veräiner, Familljen a Bierger∙inne realiséiert ginn.
Den Donneschdeg, 18. September 2025, goufen am Festsall vun der Gemeng zu Bieles d’Gewënner∙inne bekannt ginn:
1. Präis (500€) : SEA Roudewee – Arrêt Schoul Roudewee (Bieles)
2. Präis (250€) : SEA Helgebaach – Place Tornaco
3. Präis (250€) : EDS Lëtzebuerg – Metzerlach
4. Präis (250€) : GS Grupp Gr.-D. Jean Bieles-Zolwer – Place de l’Indépendance
5. Präis (250€) : Deborah Coljon – Zolwer, Schoul 2000 – Rue de Belvaux
6. Präis (250€) : Famill Delgado Morais – Mairie
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli