Taste the world
Samschdes, den 18. Oktober 2025 huet de Kannercampus Belval seng Diere fir eng spannend kulinaresch Rees opgemaach. Den Evenement Taste the world, organiséiert vun der Commission du vivre-ensemble interculturel vun der Gemeng Suessem, huet eng et 50 interesséiert a virwëtzeg Participant∙innen invitéiert, fir Gouten aus aller Welt ze schmaachen. Tëscht kulinareschen Entdeckungen, gudde Gespréicher an enger super Ambiance, war den Nomëtte voller flotter Renconteren. Egal ob gedeelte Familljerezepter oder Platen, déi ee virdrun net kannt huet, den Taste the world ass eng flott Initiativ, fir ënnerschiddlech Kulture ronderëm Iessen zesummenzebréngen.
Fotoen: Gilles Kayser




























