Pilotprojet D’Kanner-Geschierkëscht am Matgesfeld
D’Cabane am Matgesfeld hëlt Form un. Bei eiser Visitt Ufank September 2025 si mir eis den Avancement vun D’Kanner-Geschierkëscht ukucke gaangen, ee Projet, dee vun de Kanner aus eiser Gemeng gedroe gëtt. D’Cabane, nach am Opbau, ass een Zeeche vu Kreativitéit, Ausdauer an Zesummenaarbecht. E schéint Beispill dovun, wat Jonker kënne fäerdegbréngen, wa si de Raum an d’Fräiheet kréien, fir ze experimentéieren.
De Projet ass eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Suessem an der UP_FOUNDATION. Méi Informatiounen hei.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri





















