Matgesfest
De Weekend vum 11. an 12. Oktober war um Matgesfeld nees eng méi lass – d’Matgesfest huet seng 5. Editioun ganz am Zeeche vun Ëmweltbewosstsinn, Solidaritéit an Diversitéit gefeiert. Tëscht Maart, Ateliere fir Grouss a Kleng an eng divers musikalesch Programmatioun mam Octo, Eti Soleil, Adriano Selva a Queer Choir Luxembourg, konnt de Public selwergemaache Viz a gutt Iesse genéissen. D’Visiteur∙innen hunn och de PaVolt, de Solar-Weenche vun der Gemeng Suessem, kennegeléiert – eng Demonstratioun vun nohalteger Innovatioun.
Sonndes ass d’Fest mat der Suessemer Jugendmusek an dem Georges Christen weidergaangen. Ganz nei dëst Joer war d’Kleedertauschbourse, un där de Public de ganze Weekend konnt deelhuelen an hire Kleeder en zweet Liewe ginn oder sech selwer mat neie Stécker akleeden. Zum Ofschloss konnten all Interesséierter sonndes um Repair Café deelhuelen an hir futtis Objeten zesumme mat anere flécken. Egal ob Vëlo, Spillsaach oder klengen Elektro-Géigestand, am Repair Café gouf gefléckt aplaz ewechzegeheien.
Fotoen : Chiara Ulzega
































