Dag vum Bam zu Bieles
E Samschdeg, den 22. November 2025, huet d’Gemeng Suessem wéi all Joer e bedeitende Moment gefeiert: Et ass déi symbolesch Bamplanzaktioun fir all d’Kanner, déi tëscht dem 1. September 2024 an dem 31. August 2025 gebuer gi sinn a bei eis an der Gemeng wunnen. Dëst Joer stoungen 208 Neigebueren op der Lëscht. D’Famillje waren an d’Rue Wënschel zu Bieles invitéiert, fir beim Uplanze vun engem neie klenge Bësch deelzehuelen. Op der Plaz stounge virdru Beem déi vum Borkenkäfer befall waren an déi hu mussen ewech gemaach ginn. Ersat gi si duerch 100 ausgewielte Beem déi Nëss a Friichte fir Mënsch an Deier wäerten droen.
Wéi all Joer war d’Spullweenchen asbl dobäi, fir de Famillje Kaffi, waarme Schocki a lecker Fairtrade Schockelasrullen unzebidden. All Puppelche krut duerno säin eegenen Uebstbeemchen, als Symbol fir Zukunft, Wuesstem a Verbindung mat der Natur.
E grousse Merci un all Familljen, déi dobäi waren, an un all déi, déi zum Erfolleg vun dësem schéinen Event bäigedroen hunn.
Fotoen: Max Staus




























