Éierung fir aussergewéinlech Leeschtungen
Fir aussergewéinlech Leeschtungen, déi iwwer déi üblech sportlech Auszeechnungen erausginn, un ze erkennen an ze éieren, huet d’Gemeng Suessem fir eng éischte Kéier op eng speziell Receptioun invitéiert. Dës huet e Freideg, den 13. Juni 2025, op der Gemeng zu Bieles stattfonnt. Zil vun der Receptioun war et, aussergewéinlech Erfolleger ervirzesträichen a mat enger besonnescher Unerkennung ze feieren. Dat war ënner anerem de Fall fir d’Montée d’Éierepromotioun vum FC The Belval Belvaux souwéi fir d’Verteidegung vum nationale Championstitel duerch vum Keeleclub Bieles 2000.
Fotoen: Max Staus