Game Ovaires
En Donneschdeg, de 5. Dezember 2025 huet Game Ovaires den Artikuss zu Zolwer a Schwong bruecht – eng Komedie, déi gläichzäiteg witzeg a méi wéi néideg ass. Unhand vu klengen Alldagsszenen voller Selbstironie, hunn d’Schauspiller·innen d’Menopause mat enger erfrëschender Éierlechkeet ugeschwat, an Humor mat Wourecht vermëscht. Direkt vun Ufank u gecatched, huet d’Publikum sech op d’Stéck agelooss a sech ëmmer nees selwer an Zeenen erëm erkannt.
Wat besonnesch erausstécht ass d’Fäegkeet vum Stéck, ee Raum vu Fräiheet ze schafen, an deem jiddereen·t – Fraen esou wéi Männer – sech betraff fillen. Ouni jee schwéier ze weien, brécht Game Ovaires Tabuen mat Witz an Intelligenz, a bitt gläichzäiteg e ganz mënschleche Bléck op eng Liewensphas, déi nach dacks falsch verstane gëtt. D’Publikum geet mat engem Laache heem … an der Loscht, endlech méi iwwert d’Menopause ze schwätzen.
Fotoen: Max Staus

































