Flow Festival
Vum 18. bis den 20. Juli huet de Park um Belval sech an eng grouss Spillplaz vu Kultur a Musek verwandelt fir déi 5. Editioun vum Flow Festival. Dräi Deeg mat engem 100% lokale Museksprogramm an der 2. Editioun vun eisem Creators’ Market FlowMuart mat talentéierten Aussteller∙innen stoungen um Programm. Tëscht de Concerte vu marcy, Maale Gars, Don Piano oder Ryvage konnt de Public gemittlech iwwer de FlowMuart trëppelen, un ënnerschiddleche Workshops deelhuelen, gutt Iesse genéissen oder zesumme mat der Famill am Kids‘ Playground bastelen, danzen an entdecke mat engem Stoffatelier vu Pistacol, enger Kannerdisco animéiert vu MASKéNADA a partizipative Statioune vun eise Gemengeservicer.
Obwuel mir den drëtten Dag vum Flow Festival wéinst dem heftege Stuerm hu missten ofsoen, goufe mer spontan owes vun Zero Point Five mat enger Session a klengem Krees op der Terrass vum Pavillon Belval iwwerrascht.
Déi komplett Fotosgalerie gëtt et op flowfestival.lu.