Fräiloftausstellung „My Euro-Vision“
E Mëttwoch, den 9. Juli 2025 huet sech de Parc Backes zu Suessem nees aneng Fräiloftausstelung verwandelt. Ab 18.30 war de Public op de Vernissage „My Euro-Vision: Framing a Continent“ vum lëtzebuergesche Fotograf Eric Engel invitéiert. De Kënschtler geheit mat senge Fotoen een éierlechen, heiansdo och iwwerraschenden, awer ëmmer sensibele Bléck op alldeeglech Situatiounen an europäesche Stied.
Gebuer 1985 zu Zolwer, huet et den Eric Engel an de Beräich vun der Musek verschloen, éier hien d’Fotografie als seng zweet grouss Leidenschaft entdeckt huet. Dës Passioun kënnt a senge Kreatiounen zum Virschäin: Rhythmus, Spontanitéit an Emotioun vermësche sech mat der Léift fir den Detail an enger Grëtz Humor.
D’Ausstellung – nach bis den 1. Oktober accessibel – weist eng Rei Momentopnamen am ëffentleche Raum. Wäit ewech vu stereotypesche Biller, fänkt den Eric Engel de richtegen Ament an: d’Beweegung an de Mënsch an all senger Diversitéit. De Vernissage gouf an der Presenz vum Fotograf, Vertrieder∙inne vun der Gemeng Suessem a ville Gäscht aus der Gemeng a ronderëm gefeiert. Eng Ausstellung, déi ee sech net entgoe loosse soll.
Fotoen: Gemeng Suessem / Steve Ginepri