Éischt-Hëllef-Cours mam CGDIS
De Service Sociétés huet rezent zesumme mam CGDIS een Éischt-Hëllef-Cours op Lëtzebuergesch organiséiert. D’Ausbildung ass op 4 Samschdeger – den 20. a 27. September souwéi de 4. an 11. Oktober –, am Festsall vun der Gemeng zu Bieles organiséiert a war ee grousse Succès. D’Participant·innen hu geléiert, Noutfäll ze erkennen, richteg ze reagéieren an déi wichtegst Éischt-Hëllef-Gester unzewenden. Um Programm stoungen ënner anerem: den Traitement vu Wonnen a Verbänn, Behandlung vu Verbrennungen, stabil Säitelag, Häerzmassage an d’Benotze vum Defibrillator (DAE). Och d’Reanimatioun vu Kanner an dat séchert Ausdoe vun engem Helm bei engem Accident goufen thematiséiert. Et war eng räich a léierräich Erfarung, duerch déi all Participant·in sech méi sécher an zouversiichtlech fillen, fir am Noutfall schnell a richteg ze handelen – an esou Liewen ze retten.
Fotoen: Max Staus


















